LemONAIR's Podcast
Mir sinn de Mats an d'Celia aus dem Lycée Ermesinde. An dësem Podcast maache mir Interviewe mat interessante Persounen aus dem Lycée. All Mount kënnt eng nei Folleg raus an där Dir nei Persounen an Aktivitéiten kenneléiert. Heiansdo hu mir een Invité, heiansdo och mei. Et sinn och ëmmer ënnerschiddlech Theme jee nodeem wéi ee Mount grad ass a wat am Lycée Ermesinde usteet.
LemONAIR's Podcast
Dramberuff: Moderatorin
Use Left/Right to seek, Home/End to jump to start or end. Hold shift to jump forward or backward.
An der zweeter Folleg vun eisem Podcast LemONAIR interviewen de Mats (Moderatioun) an d'Celia (Technik) d'Lilja an d'Ellie, déi zwou Moderatorinne vum Morning Break. De Morning Break ass eng kleng Show, déi all zweet Woch an der klenger Paus präsentéiert gëtt. An dëser Folleg léiert dir de Morning Break an d'Aarbecht, déi dohanner stécht kennen. Ausserdem gitt dir gewuer, wat wichteg ass, fir sou eng Show ze moderéieren.